
© AFP/Archives/ADRIEN BARBIER
Am Mee dëst Joer gouf op der Insel Mauritius een Deel vun engem Fliger fonnt.
Den australeschen Experten no gehéiert dat Stéck mat Sécherheet zu der vermësster Malaysia-Airlines Maschinn mat der Volnummer MH370.
Et hätt een deemno een Deel vun enger Nummer um Wrackdeel fonnt, deen ee mam Fliger kéint a Verbindung bréngen.
De Fliger war den 8. Mäerz 2014 um Wee vu Kuala Lumpur op Peking mat 239 Mënschen u Bord vun de Radare verschwonnen.
Zënterhier sinn ëmmer nees Deeler vum Fliger fonnt ginn. D’Ursaach vum Accident an d’Onglécksplaz si weiderhin ongekläert.