
© afp
Zu engem Abroch an Déifstall koum et de Weekend iwwer an der Enceinte vun enger Entreprise zu Wëntreng an der Wäistrooss. Déi bis ewell onbekannten Täter haten hannert dem Gebai eng Dier opgebrach, déi an een Atelier gefouert huet. Do hunn si Benzin aus zwee Camionen geklaut, an eng Camionnette geklaut. Et handelt sech ëm ee bloen Citroên Modell Berlingo mat der Plackenummer UQ7682.
All Indice ass fir den 113.