
Schwéieren Accident de Mëtten géint 12h45 zu Sandweiler op der Kräizung vun der Rue Principale an der Kierfechtstrooss
Eng Automobilistin, déi aus der Stad ënnerwee war, wollt op der Kräizung lenks ofbéien an hat awer en Motosfuerer iwwersinn. Et koum zur Kollisioun woubäi de Motocyclist vu sengem Gefier op d'Strooss geschleidert gouf.
De Motosfuerer koum mat senge schwéiere Blessuren direkt an d'Spidol.