
© AFP/Archiv/Miguel Medina
A ganz Europa iessen d’Bierger ze wéineg Uebst, dat huet eng Ëmfro vun Eurostat erginn. Déi optimal Quantitéit déi een un Uebst a Geméis zou sech huele sollt, läit bei 5 Portiounen oder 400 Gramm. Wéi et heescht géif awer een Drëttel vun den Europäer iwwer 15 Joer net genuch dovunner iessen.
Dat Land wou am mannsten consomméiert géif ginn, wier Rumänien, wou bal zwee Drëttel vun der Populatioun iwwer 15 Joer net all Dag Uebst a Geméis géing iessen. An der Belsch ernährt een sech dogéint méi bewosst, do ginn 16 Prozent vun de Leit un, déi virgeschloen Quantitéit z'iessen. Zu Lëtzebuerg sinn et ronn 15 Prozent.