EducatiounD'Bilan intermédiare'en gi vereinfacht

D'Bilan'en intermédiairen gi fir d'Schüler an d'Elteren méi einfach verständlech. Den Educatiounsminister huet di nei Bilan'en um Méindeg virgestallt.

Leschten Update: 18.10.2016, 06:37:02

© eldo

An der Grondschoul ginn vun dësem Schouljoer un an de Cyclen 2.1, 3.1 an 4.1 nei Bilan intermédiare'en agesat.  Den Educatiounsminister Claude Meisch huet de Moien de System vun deene Kompetenz-Bulletin'en presentéiert, déi schonn iwwert déi lescht 2 Joer a ronn 100 Klassen uechtert d'Land getest goufen.  

D'Bilan'en si fir d'Schüler an d'Elteren méi einfach verständlech opgebaut. Et hätt een eng besser Iwwersiicht iwwert dat, wat de Schüler kann, a wou et nach happert.  An den Elteregespréicher um Enn vun all Trimester déngt de Bilan als wichteg Communicatiounsbasis. 

An de Cyclen 2.2, 3.2 a 4.2 ginn déi nei Bilan‘en réischt fir déi nächst Rentrée, also 2017 agefouert. Sämtlech Informatiounen iwwert de Fonctionnement fënnt een am Text an a kuerze Video'en um Internetsite LINK: http://www.men.public.lu/fr