Petitioun 698Iwwer 14.700 Ënnerschrëften!

Eng Petitioun wëll d’Lëtzebuergescht zu der 1. nationaler Amtssprooch maachen. Nach ni gouf eng Petitioun esou dacks ënnerschriwwen.

Leschten Update: 26.10.2016, 10:59:18

© eldo

D’Petitioun 698 fuerdert d’Lëtzebuergescht zu der éischter nationaler Sprooch ze maachen. Eppes wat ganz vill an de soziale Netzwierker diskutéiert gëtt. D'Petitioun, déi ee bis den 24. Oktober ënnerschreiwe konnt, krut am ganzen 14.721 Ënnerschrëften (14.702 online + 19 um Pabeier). Rekord!

Alleng an den éischten Deeg wou d’Petitioun online war, krut Se direkt eng 7.500 Ënnerschrëften. Si huet bannent e puer Deeg also déi erfuerderlech Zuel vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht, fir ebe kënnen ëffentlech debattéiert ze ginn. Wéi et mat der Petitioun wäert weider goen, wäert sech dann an de nächsten Deeg weisen.

But de la pétition 698: 

D’Lëtzebuerger Sprooch als 1. Amtssprooch an Nationalsprooch gesetzlech fir all Awunner zu Lëtzebuerg festzeleeën an an de Schoulen zu Lëtzebuerg verstäerkt ze ënnerriichten an och als Schoulsprooch festzeleeën. Dass all Administratioun fir hir Publikatiounen a Matdeelungen, sief et per Post oder per offizielle Communiqué, Lëtzebuergesch zu alleréischt benotzt soll ginn. Fir Auslänner, déi nach net der Lëtzebuerger Sprooch mächteg sinn, soll automatesch op all Bréif eng Traductioun op franséisch an däitsch sinn. Ausserdeem soll erëm e Chamberbliedchen op Lëtzebuergesch publizéiert ginn. Dovunner ofgesinn soll déi franséisch Sprooch net méi vun der Regierung ausschliisslech als Amtssprooch benotzt ginn, och Uerteeler vun de Geriichter sollen op mannst op Lëtzebuergesch matgedeelt ginn. D’Lëtzebuerger Sprooch ass en Deel vun onser Nationalitéit a soll et och bleiwen. Déi am Virfeld schonn an de Gesetzestexter verankert Artikelen an och all Reglementer sollen doropshin ofgeännert ginn, fir dass ons Lëtzebuerger Sprooch erëm ons Haaptsprooch zu Lëtzebuerg gëtt.

Antëscht gëtt et eng Petitioun déi de Géigendeel fuerdert: "NEEN" zu eiser Mammesprooch als éischt offiziell Sprooch. D'Petitioun 725 kann ee vun elo un's ënnerschreiwen.
LINK/ Hei geet et bei d'Petitioun 725