
© Police
Tëscht Féiz a Biergem huet e Chauffeur dëse Sonndeg Owend aus ongekläerter Ursaach d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer. Hien ass frontal an e Bam gerannt. Den Auto huet direkt Feier gefaangen. Een Zeien konnt dee blesséierte Chauffer aus dem Auto eraus huelen. De Mann gouf an d'Spidol bruecht. Den accidentéierten Auto ass komplett verbrannt.
