Radaren168.345 Infraktiounen bannent 6 Méint

Zanter dass d'Radare viru 6 Méint agefouert goufen, goufen am ganzen 168.345 Infraktioune festgestallt.

Leschten Update: 02.11.2016, 08:10:24

© afp

Viru 6 Méint sinn d'Radaren zu Lëtzebuerg a Betrib gaangen. Zanterhier  goufen 168.345 Infraktioune festgestallt. Besonnesch an den éischte Woche gouf  massiv geblëtzt. Dës Zuelen nennt den Transportminister François Bausch an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro.

Während di fixen Radargeräter ronn 150.000 Mol ausgeléist goufen, hu sech 18.147 Chauffeuren vu mobilen Kontrollen iwwerrasche gelooss.

Am meeschte geblëtzt goufen d'Leit zu Märel, zu Schieren an zu Lëpscht.

Ci-dessous le classement des radars fixes selon le nombre d'infractions relevées:
1. Merl
2. Schieren
3. Lipperscheid
4. Gonderange
5. Schlammesteen
6. Reckange
7. Dorscheid
8. Roost
9. Niderterhaff
10. Hëttermillen
11. Welfrange
12. Heiderscheid
13. Stegen
14. Beckerich
15. Schmëttewier
16. Emeschbaach
17. Gamich
18. Schoenfels
19. Steinheim
20. Pleitrange