DuelemKee Permis, awer Alkohol an Drogen

Ee Chaffeur zu Duelem hat kee Führerschäin, dofir awer Alkohol an Drogen konsomméiert ... an den Audi war eigentlech ee VW.

Leschten Update: 02.11.2016, 08:10:24

Zu Duelem huet d’Police dëse Sonndeg owend en Auto gestoppt deen net korrekt ugemellt war.  Den Audi A4 mat belscher Plack war eigentlech ee VW Golf,  op deen di belsch Plack gepasst huet. 

De Chauffeur hat kee Führerschäin an béid Persounen am Auto stoungen ënner Alkoholafloss.

De Bäifuerer hat ausserdeem 1,8 Gramm Marihuana bei sech.  Een Drogentest beim Chauffeur war positiv.

De Chauffeur huet dunn och nach  d’Beamten beleidegt. Hien huet d’Nuecht um Policebüro verbruecht an gouf protokolléiert.