Op HalloweenD'Obamas danzen "Thriller"

De Barack an d'Michelle Obama hunn op enger Halloween-Party am Wäissen Haus eng Choreographie zu "Thriller" presentéiert.

Leschten Update: 03.11.2016, 05:18:06

© afp

Den US-President Barack Obama a seng Fra Michelle hu schonn oft bewisen, dass si all Spaass matmaachen. Elo hunn si als Michael-Jackson-Imitateuren opmierksam gemaach. An de Genoss vun där aussergewéinlecher Tanz-Show koumen Kanner, déi dëse Méindeg op eng  Halloween-Show an d'Wäisst Haus invitéiert waren.

D'Obamas waren awer net just als Dänzer aktiv, si hunn virum Wäissen Haus och Séissegkeeten un d'Kanner verdeelt.