
© afp/archiv
De nationale Wiederdéngscht Meteolux annoncéiert fir dëse Sonndeg deen éischte Schnéi. Vrun allem am Norde vum Land mussen d’Leit mat Schnéireen rechnen.
Grond dofir ass een Nord-West-Wand, dee kal Loft an d’Land bléist, an e puer Schauere mat sech bréngt. Bei Temperaturen ëm di 0 Grad kann aus dem Reen séier Schnéireen ginn.
Vum Dënschdeg un soll et dann nach méi kal, awer och nees méi dréchen ginn.