No Haass-MailFir de Jean Asselborn ass erëm alles OK

Méintelaang krut den Ausseminister Jean Asselborn Haass-Maile geschriwwen. Elo huet den Täter sech entschëllegt.

Leschten Update: 20.11.2016, 17:40:23

© eldo archiv

Virun enger Woch hat den Ausseminister Jean Asselborn eng Rei vun Haass-Mailen publizéiert déi hien vun engem gewëssen Georges Zeimet vu Waasserbëlleg geschéckt krut.

Dëse Freideg Moien huet dee Mann sech per Bréif beim Minister entschëllegt. Den Jean Asselborn huet dee Bréif op senger Facebook-Säit publizéiert an schreift, dass hien d’Entschëllegung unhëlt.

De Georges Zeimet  hat den Asselborn ënner anerem opgefuerdert, zréck ze trieden, a sech Zäit fir seng Famill ze huelen, statt Politik ze spillen.