
© afp
Am Regierungsrot vun en Donneschdeg gouf de Gesetzesprojet zu der Reform an der Grondschoul ugeholl. Mat dëser ginn ënnert anerem 15 regional Schoul-Direktioune geschaf, déi den akuellen Inspektesch-System wäerten ersetzen. Déi 15 Direktere ginn da jee no Regioun vun alles an allem 37 Sous-Direkteren ënnerstëtzt. Donieft wäerten 150 Enseignanten agestallt ginn déi spezialiséiert sinn, am Ëmgang mat Schüler déi spezifesch educativ Besoinen hunn.