
© afp
Den aktuelle Chef am Elysée huet um Donneschdegowend annoncéiert dass hien am Mäerz bei de Presidentiellen net fir eng zweet Mandatsperiod kandidéieren wäert.
An enger Usprooch op der Televisioun huet hien sech realistesch gewisen an seng Decisioun begrënnt dass seng Chancen op eng Victoire ze kleng wieren.
An de läschte Sondagen huet sech gewisen dass den Hollande momentan esou onbeléift ass wéi nach kee President virun him an der 5fter Republik.
Beschte Chancen sech am Fréijoer duerch ze setzen huet momentan wuel de Kandidat vun de Konservativen, François Fillon, deen am zweeten Tour wuel op d'Cheffin vum Front National, Marine LePen dierft treffen.