
© rtl pressphoto
10te Spilldag am nationalen Härebasket.
D’Musel Pikes bleiwen Tabelle-Leader, dat no der 74 op 68 Victoire gëscht Owend géint Walfer.
Bartreng huet géint d’Fiëls 106 op 74 gewonnen.
Käerjeng verléiert doheem 87 op 115 géint Ettelbréck.
Den Owend um 17h30 spillt de Basket Esch nach géint Contern, an Diddeleng kritt et mat Steesel ze dinn.