
© AFP/Archiv/Philippe Lopez
De fréiere franséische Budgetsminister Jérôme Cahuzac muss fir 3 Joer an de Prisong. Hien ass wéinst Geldwäsch a Steierhannerzéiung zu Paräis schëlleg gesprach ginn. Hien dierf sech donieft 5 Joer laang net fir Wahlen opstellen. Seng Fra gouf zu 2 Joer Prisong veruerteelt well si him gehollef huet Millioune vun Euro am Ausland virum franséische Fisk ze verstoppen. Déi Schwäizer Bank déi vun him genotzt gouf, krut d'Héchststrof vun 1,8 Milliounen Euro. De Cahuzac huet annoncéiert an Appel ze goen.
De Jérôme Cahuzac, deemools ee vun de wichtegste Minister vum François Hollande senger sozialistescher Regierung, a selwer-erkläerte Kämpfer géint Steierflucht, huet d'Virwërf méintelaang zréck gewisen an huet ëmmer gesot dass hien onschëlleg wier. Dat ganzt ass 2012-2013 opgeflunn.