Warnfrist vun 2 WochenBréissel wëll Verbraucher viru Strofen beim Roaming schützen

Vu Mëtt 2017 un's sollen Handynotzer ouni zäitlech Begrenzung + ouni Zousazkäschten Roaming am EU-Ausland notze kënnen. Elo ginn et weider Präzisiounen.

Leschten Update: 08.12.2016, 14:44:59

© dpa/AFP/Archiv/Tobias Hase

D’EU-Kommissioun huet hire Virschlag a Saache Gratis Roaming am europäeschen Ausland nach eemol konkretiséiert.

Ubidder sollte fréistens no enger Frist vu 4 Méint wéinst presuméierte Mëssbrauch géint Verbraucher virgoe kënnen, esou den zoustännegen EU-Kommissär Ansip en Donneschdeg zu Bréissel.

Och am Fall wou ee Verstouss festgestallt gëtt, sollt eng Warnfrist vun 2 Woche gëllen, iert dann Zousazkäschten erhuewe kënne ginn. Esou wëll Bréissel d'Verbraucher viru Strofe schützen.