Enger Etude vum Statec no, bleiwen d'Klischeeë bestoen. Frae verbrénge méi Zäit mat Hausaarbecht wéi Männer.
Leschten Update: 14.12.2016, 16:02:27
Share
Der Etude vum Statec no verbrénge Fraen an der Moyenne zweemol méi Zäit mat Hausaarbecht wéi Männer. Kachen, d’Haus propper halen an op Kanner oppasse bleiwe weiderhi weiblech Aufgaben. Nëmmen all zéngt Wäschmaschinn gëtt vun engem Mann ugemaach. Am Géigesaz dozou, këmmeren sech d’Männer méi ëm de Gaart an Aarbechte ronderëm d’Haus. 5 mol méi Zäit investéiert de Mann an d’Bauen a Flecken.