DäitschlandJonke Bouf hat en Attentat op e Chrëschtmaart geplangt

Zu Ludwigshafen hat een 12 Joer ale Jong en Attentat op e Chrëschtmaart geplangt. De Sprengsaz ass awer net detonéiert.

Leschten Update: 16.12.2016, 16:32:08

© afp

ZU Ludwigshafen an Rheinland-Pfalz hat ee Jong vun 12 Joer een Attentat op de Chrëschtmaart geplangt. Dat mellt haut de Focus a berifft sech op Sécherheets-a Justiz-Kreesser.

Wéi et heescht, wier de Jong staark radikaliséiert gewiescht an hätt wahrscheinlech am Optrag vum Islamesche Staat gehandelt. De Sprengsaz war allerdéngs net detonéiert. De Jong gouf lo an een Jugendheim placéiert.