
© STR / AFP
D’Police huet a Kroatien eng Camionnette aus dem Verkéier gezunn, an deem iwwer 60 Flüchtlingen zesummegedréckt waren. 42 vun hinnen koumen an d’Spidol. E puer vun hinnen haten Kuelemonoxid-Vergëftungen oder ware vu sech. An der Camionnette ware Bouwen a Männer aus dem Afghanistan a Pakistan. Déi zwee Chaufferen aus Bulgarien goufen festgeholl.