
© AFP/Archives/THAER MOHAMMED
A Syrien ass d’Evakuéierung vun den Rebelle-Gebidder nees ugelaf. Dem syreschen Observatoire fir Mënscherechter no hu Busser eng 3.500 Mënschen aus dem Osten vun Aleppo erausbruecht.
Och dat 7 Joer alt Bana al-Abed dat wochelaang Tweets aus Aleppo geschéckt huet, ass evakuéiert ginn. Seng Mamm hat am September domadder ugefaangen am Numm vun hirem Meedchen Tweets aus Aleppo ze schécken. Doranner hu si vum Liewen am Krichsgebitt an den regelméissegen Loftattacken op Ost-Aleppo bericht. Méi wéi 320.000 Mënschen followen dat klengt Meedchen op Twitter.
My name is Bana, I'm 7 years old. I am talking to the world now live from East #Aleppo. This is my last moment to either live or die. - Bana
— Bana Alabed (@AlabedBana) December 13, 2016
Nach ëmmer waarden awer e puer dausend Leit bei Minustemperaturen drop, datt se aus der Stad erausgeholl ginn.
Am UNO-Weltsécherheetsrot soll um Méindeg iwwerdeems doriwwer ofgestëmmt ginn, ob neutral Observateuren op Aleppo geschéckt solle ginn, fir d’Evakuéierung z’iwwerwaachen.