Music NewsHall of Fame: Pearl Jam an Tupac kommen eran

Nach laang net all Museker gëtt an d'Rock&Roll Hall of Fame zu Cleveland opgeholl. Mam Tupac huet et awer och e Gangster-Rapper posthum gepackt...

Leschten Update: 22.12.2016, 08:28:44

© VALERIE MACON / AFP

D'Grunge-Rocker vu Pearl Jam an de verstuerwene Gangster Rapper Tupac Shakur kommen an d'Rock&Roll Hall of Fame.

Dat huet de weltberühmte Musée zu Cleveland um Dënschdegowend matgedeelt.

Weider positiv Nominatiounen si fir d'US-Rockband Journey oder déi britesch Band Electric Lights Orchestra.

Déi däitsch Museksgrupp Kraftklub war och nominéiert, gouf awer net zeréck behalen.

LINK / hei geet et op den offizielle Site vun der Rock and Roll Hall of fame

© Twitter / Rock and Roll Hall of Fame