TunesienSécherheetsautoritéiten warne virun Dschihadisten

Sécherheetsautoritéiten warne virun Dschihadisten, déi no enger Militär-Ausbildung a Syrien an am Irak lo zréck an d'Land riskéieren ze kommen.

Leschten Update: 27.12.2016, 08:11:17

© afp

Di tunesesch Sécherheetsautoritéiten schloen Alarm: et misst ee mat engem massive Retour vun tuneseschen Dschihadisten rechnen. Wann d‘Regierung dat net mat entspriechende Mesuren verhënnert, da riskéiert Tunesien een neit Somalia ze ginn, heescht et. Estimatiounen no kämpfen méi wéi 5000 Tunesier an extremistesche Gruppen vrun allem am Irak an a Syrien.