
© Eldoradio / Archiv
Zolitt de Batti gestallt huet sech um fréien Donneschdegmueren e Mann zu Gaasperech, deen een anstännegen iwwert den Duuscht gedronk hat, a seng Fra agresséiert huet.
Och der Police géintiwwer war hien äusserst aggressiv an huet Se Schëmmel a Bless vernannt. D’Beamten konnten den Typ eréischt mathuelen nodeem Se him Handschellen ugeluecht hunn.
Och am Spidol, wou en Dokter hien fir handlungsfäheg sollt attestéieren goungen d’Agressivitéiten an d‘Beleidegungen weider. Zitat ''Ech wëll dat Nazi-Schwäin killen'' huet hien ënnert anerem zu engem Polizist geruff.
Eréischt am Arrest, wou de Mann nach probéiert huet no der Waff vun engem Beamten ze gräifen, konnt hien sech dunn, wéi d’Dier bis zou war,berouegen.