
© afp
Dobäi huet sech gewisen, dass den designéierten US-Ausseminister Rex Tillerson op ville Punkten net mam Donald Trump op enger Linn läit.
Entgéint den Wahlkampf-Aussoen vum Trump wëll den Tillerson nämlech egal wéi un den Engagementer an der NATO festhalen. Dernieft plädéiert hien och derfir dass d'USA weiderhin mat um Verhandlungsdësch sëtzen wat d'Lutte géint de Klimawandel ugeet. Den Trump hat jo annonçéiert dass säi Land de Klimaaccord vu Paräis wéilt annuléieren.
Dem Tillerson no kéint awer kee Land alleng géint d'Menacen vum Klimawandel virgoen.