RTLChristophe Goossens neie Generaldirekter

De Steve Schmit gëtt als "Content Director" zoustänneg fir sämtlech Contenuen an iwwerhëlt och d'Funktioun vum "Deputy CEO".

Leschten Update: 13.01.2017, 17:47:29

© RTL / De Christophe Goossens, neie CEO vun RTL Lëtzebuerg

Nodeems den Alain Berwick Enn d'lescht Joer als Generaldirekter vun RTL Lëtzebuerg opgehalen huet, iwwerhëlt de Christophe Goossens déi Funktioun.

De Steve Schmit gëtt säin Adjoint an Direkter fir d'Contenuen.

De Christophe Goossens war zënter 2012 Station Manager vun RTL Radio Lëtzebuerg an och Direkter vun Eldoradio.

© RTL / De Steve Schmit, Deputy CEO a Content Director