SchnéiKeng Schoul a villen Nord-Gemengen

Wéinst dem ville Schnéi um Freideg gëtt a ville Gemengen am Norden um Freideg keng Schoul gehal...

Leschten Update: 13.01.2017, 17:47:49

© Eldo Mobile Reporter

D'Gemenge Park Housen, Ëlwen, Wëntger, Wäisswampech, Klierf, Buerschent a Kiischpelt deele mat, dass wéinst de Wiederkonditioune keng Schoul ass.

Et funktionéiert kee Schoultransport.

Fir d'Regionalschoul zu Harel gëllt dat selwecht.

Och am Wëltzer Lycée gëtt keng Schoul gehalen.

An de Schoulgebaier gëtt awer eng Surveillance assuréiert.
Dat mellen d'Kollegen vun RTL.