
© ODD ANDERSEN / AFP
Zu Berlin-Kreuzburg koum et an enger Metro-Statioun zu engem weideren tragesche Virfall. Eng Grupp vu 5-10 Jugendlecher hunn e Passagéier, deen op d‘Metro gewaart huet, attackéiert.
Do dernieft hunn Täter e weidere Mann belästegt an ass op d’Schinne gefall. Dëse konnt awer vum selwen erëm op de Quai klammen ier en Zuch komm ass. Béid Männer goufen an d’Spidol bruecht.
D'Jugendlecher konnten awer no der Dot flüchten. An der lescht goufen et jo ëmmer nees Gewaltakten an de Metro-Statiounen zu Berlin.