De Moie koum et zu engem Accident op der Rippweiler Barrière a Richtung Useldeng. Aus bis ewell ongekläerter Ursaach hat de Chauffeur d’Kontroll iwwert säin Auto verluer, wou hie frontal géint e Stroossebam gerannt ass. De Chauffeur huet misste vun de Secouristen aus dem Auto erausgeholl ginn a gouf mat der Ambulanz an d’Spidol op Ettelbréck bruecht.
Do dernieft mellt d’Police, datt hënt véier Führerschäiner agezu goufen, well d’Chaufferen een iwwert en Duscht gedronk haten an ee Chauffeur gouf zu Esch ugehalen, well am Auto 6 Leit sutzen amplaz vun den erlaabte fënnef. Dobäi huet d’Police constatéiert, datt de Chauffeur kee gëltege Führerschäin hat a gouf protokolléiert.