Mexiko5 Doudeger bei Schéisserei op Museksfestival

Wéi d'Buergermeeschtesch matdeelt, sinn offiziellen Zuelen no 5 Leit ëm d'Liewe komm an 12 verwonnt ginn.

Leschten Update: 17.01.2017, 05:34:25

© STR / AFP

Op engem Museksfestival zu Playa del Carmen, enger bei Touristen beléifte Stad a Mexiko, sinn offiziellen Zuelen no, op mannst 5 Mënsche gestuerwen.

Wéi et heescht hat en arméierte Mann seng Waff an engem Club erausgeholl an ugefaange ronderëm sech ze schéissen. Bei der Dot goufen donieft och 12 Leit verwonnt.

Ënnert den Affer sinn 2 Kanadier, en Italiener an en Kolumbianer. 4 Persounen ginn den Ament verhéiert.