Stater GareMat Waff menacéiert a geschloen

En Méindeg Mueren hat e Mann um Kommissariat op der Stater Gare uginn, datt hie vu 2 Männer geschloen a mat enger Waff menacéiert gouf.

Leschten Update: 16.01.2017, 18:36:41

© eldoradio

Wéi d‘Police mellt, koum e Méindeg Mueren um 8 Auer e Mann op de Kommissariat op der Stater Gare an hat uginn, datt hien hënt vun e puer Männer mat enger Waff menacéiert a geschloe gouf. D’Affer hat seng Ugräifer kannt a konnt dofir och hire Wunnsëtz uginn.

Wéi d‘Beamte mam Mann op d'Dotplaz gaange waren hat een hei déi 2 Täter begéint. Bei der Perquisitioun am Doheem vun de Männer konnten d Polizisten eng Loftbécks saiséieren. Well Zeie beweise konnten dass de Mann agresséiert, verfollegt a geschloe gi war, goufe béid Männer op Uerder vum Parquet festgeholl.

Si koumen nach de selwechten Dag virun den Untersuchungsriichter.