Jongen am FieldgenWat halen d'Schülerinne vun dëser Ännerung?

An der Privatschoul "Fieldgen" gëtt et vu September un eng grouss Neierung: Vum nächste Schouljoer un kënnen och Jongen do an d'Schoul.

Leschten Update: 13.02.2017, 04:39:34

© dpa/AFP/Archiv/Marijan Murat

Vun der nächster Schoul-Rentrée un ginn an der Privatschoul Fieldgen och Jongen opgeholl. 125 Joer laang war dës Schoul just fir Meedercher reservéiert.

D’Internat bleift awer weiderhin de Meedercher virbehalen. D’Schülerinne vun der 7ème kënne wielen ob si an eng gemëschte Klass wëlle kommen oder net.

Mir hunn bei den aktuelle Schülerinne vum Fieldgen nogefrot, wat si vun den Ännerungen halen:



En Donneschdeg de Moien huet d’Direktioun an engem Video-Message op hirer Homepage an op hirer Facebooksäit iwwert déi grouss Neierung informéiert.

Am Joer 1891 gouf de Fieldgen vu Schwësteren an d'Liewe geruff.  Ronn 1.400 Schülerinnen ginn de Moment hei an d'Schoul.

Den Detail fannt dir op www.epf.lu.



Links