No ongekläertem Doud vu BoufAss am CHEM an CHL eppes schif gelaf?!

Nodeems e jonke Bouf de Weekend am CHL verstuerwen ass, mécht d'Santé eng Enquête am CHEM an CHL, fir ze klären op vläit Feeler gemeet goufen...

Leschten Update: 15.02.2017, 15:45:36

D'Urgence vum CHEM zu Esch© infosteel.be

Trauregen Doudesfall an der Kannerklinik vum CHL

E Samschdeg ass  e 4 Joer jonke Bouf verstuerwen, nodeems hien deeg-laang iwwert Bauchwéi an Iwwelzegkeet geklot hat.

Am Lëtzebuerger Wort an am Quotidien vum Dënschdeg ass ze liesen dass d'Famill Virwërf géint d'Personal an d'Dokteren vum CHEM a vum CHL erhiewen, well Se de Jong eventuell net richteg ënnersicht hätten, oder méiglecherweis eng Feel-Diagnos gemaach hunn. Virun allem awer wëllen Si mol wëssen wat genee geschitt ass.

Nodeems een zwee mol an der Urgence vum Escher centre hospitalier war, do eng Gastro-Entritis diagnostizéiert gouf, an et dem Bouf nach ëmmer net besser goung, ass een dunn an d'Urgence vun der Kannerklinik vum CHL gaang, wou de Bouf do behale gouf, mä och do war keng Besserung ze mierken. E Samschdegmueren ass de Bouf dunn verstuerwen.

D'Santé préift elo intern op eventuell Feeler an den Urgencen gemaach goufen.

Juristesch Schrëtt wéilt d'Famill sech virbehalen, fir de Fall wou eraus sollt kommen dass et effektiv medezinesch Feeler gouf. Fir d'éischt wéilt een awer emol d'Analyse vun der Obduktioun ofwaarden.