Zuchongléck bei Beetebuerg1 Doudegen an zwee Blesséierter

Um Dënschdeg de Moie géint 08h45 kruten sech am Süde vum Land 2 Zich frontal ze paken! Hei d'Fakten:

Leschten Update: 16.02.2017, 07:55:55

© police


Wat bis ewell confirméiert ass:

  • Um Dënschdeg de Moie géint 08h45 kruten sech op der Linn 60 beim Triage tëscht Beetebuerg an Zoufftgen op der Héicht Diddeleng 2 Zich frontal ze paken. Géint 8h55 goung den Noutruff eran.
  • Bilan: eng Persoun ass ëm d'Liewe komm, zwou weider Persoune goufe liicht respektiv schwéier blesséiert. Beim Doudegen handelt et sech ëm de lëtzebuerger Maschinist vum Persounenzuch. Bei den Blesséierten handelt et sech ëm eng franséisch 'Zuchkontrollerin' aus dem lëtzebuerger Zuch déi liicht verwonnt gouf, an den franséische Maschinist aus dem Gidderzuch dee méi schwéier blesséiert gouf, mä net a Liewensgefor stécht.                                             De Minister Kersch:
  • Et handelt sech ëm ee Gidderzuch mat 27 eidele Waggonen (mat am ganzen 610 Tonne Gewiicht) deen aus Frankräich komm ass, an ee Persounenzuch (3 Waggonen) aus Lëtzebuerg deen a Richtung Frankräich ënnerwee war.
  • Déi franséisch Giddermaschinn koum aus Richtung Frankräich a sollt zu Beetebuerg an den Triage fueren. Dëst ass awer net geschitt. Den Zuch aus Lëtzebuerg sollt vu Beetebuerg aus a Richtung Frankräich fueren sou dass sech béid Maschinnen frontal ze pake kruten. Op dëser Streck sinn iwwregens 60 km/h erlaabt.
  • Et gouf weder aus der lëtzebuergescher nach aus der franséischer Maschinn eng 'alerte générale' ausgeléist.
  • D'Regierung huet relativ séier decidéiert kee 'plan nombreuses victimes' ze declenchéieren. Dëst geschitt réischt bei méi wéi 10 Affer.
  • De lëtzebuerger Maschinist huet d'Stopp-Signal ignoréiert an ass esou an den Zuch aus Frankräich gerannt deen ënnerwee an den Triage war.
  • D'Streck Lëtzebuerg-Diddenuewen bleift bis e Mëttwoch den Owend komplett gespaart. Busser gi fir d'Streck agesat. Den Detail gëtt et op cfl.lu. 
  • Nom Zuchaccident ass zu Diddeleng den CR161 also d'Strooss laanscht d'Husky an der Zone Industrielle Riedgen nach bis op Weideres zou. 
  • Géint 17h04 koum d'Confirmatioun vun der Police, datt d'Läich vum Mann, dee verstuerwe war, aus dem accidentéierten Zuch konnt gebuerge ginn.
  • Wéi de Parquet schreift, war de Magistrat, dee Permanence hat, zesumme mam Untersuchungsriichter op der Onglécksplaz. Den Untersuchungsriichter huet Perquisitiounen an Auditioune gefuerdert fir d'Wourecht vum Accident eraus ze fannen an d'Scholdfro ze klären. Donieft huet een och en onofhängegen Expert nominéiert deen déi genee Onglécksursaach soll ermëttelen.

© Eldoradio

De Minister Bausch iwwert d'Onglécksursaach:



Communiqué de Presse
Les CFL informent que les enregistrements du système de gestion du trafic montrent que le train voyageurs CFL TER 88807 à destination de Thionville, impliqué dans l’accident, a franchi un signal d’arrêt. Les causes du dépassement restent à être confirmées par l’enquête en cours. 


Update - 12 Auer: de Joel Detaille LIVE vun der Plaz.

Update - 13 Auer: den David Winter LIVE nom Point Presse


© RTL

© RTL


© Police


© Eldoradio