Gréisste mobilen AussiichtstuermDe 'City Skyliner' kënnt an d'Stad

81 Meter héich, a mobil. E risegen Aussiichtstuerm kënnt op Lëtzebuerg! Dat gouf um City Breakfast matgedeelt.

Leschten Update: 16.02.2017, 21:02:34

© essen-tourismus

City Skyliner - héchsten mobillen Aussiichtstuerm

Um City Breakfast huet d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer annoncéiert, dass den héchsten mobilen Ausiichtstuerm vun der Welt, den ‘City Skyliner‘ fir eng éischte Kéier op Lëtzebuerg kënnt.

Den Tuerm mat enger Gesamthéicht vun 81 Meter kënnt vum 28. Juni bis den 6. August op d’Place de la Constitutioun bei d‘Gëlle Fra an d’Stad.

Den héchsten mobillen Aussiichtstuerm vun der Welt bitt een 360 Grad Panoramabléck iwwert d’Haaptstad. D’Gondel vum Tuerm fiert bis zu 60 Leit gläichzäiteg op 72 Meter Héicht. Een Tour mam gutt 270 Tonne schwéiere Skyliner dauert 7 Minutten an dat ganzt kascht ëm déi 5 Euro.

Am Verglach, d'Gëlle Fra ass just 23 Meter héich.

© meinbezirk.at

4.200 vun 34.000 auslänneschen Awunner an der Stad sinn op de Wieler-Lëschten ageschriwwen

E weidere Sujet waren d’Gemengewahlen den 8. Oktober. Op den 10. Februar ware ronn 27.700 Lëtzebuerger op den Wieler-Lëschten agedroen. Vun den ronn 34.000 Wahl-Berechtegten auslänneschen Awunner an der Stad hu sech bis ewell knapp 4.200 ageschriwwen. Der Buergermeeschtesch no wier nach Loft no uewen. Si verweist op d'Campagne duerch déi zousätzlech Wieler mobiliséiert solle ginn. Den 13. Juli ass de leschten Dag wou ee sech androe kann.

etatcivil.lu - keen offizielle Site vun der Stad Lëtzebuerg!

Een anere Sujet ass eng Warnung iwwert de Site www.etatcivil.lu vun der Firma Zertifika. Dëse Site sollt een evitéieren well d’Leit do arnaquéiert géife ginn, esou d’Stater Buergermeeschtesch. Um Internetsite kritt een ugebueden, dass déi Firma all administrativ Demarche beim Etat civil vun der Gemengeverwaltung mécht, an dat kascht iwwer 40 Euro. Déi Akten aus dem Etat civil kritt een allerdéngs op vdl.lu oder am Bierger-Center fir nëmmen 2 Euro pro Akt...also däitlech méi bëlleg!

'Platzverweis' - "et geet ëm d'Resultater..."

Op den refuséierten Platzverweis an der Chamber ugeschwat, huet d’Buergermeeschtesch betount dass et hir ëm d’Resultater géif goen. Nëmmen duerch d’Zesummenaarbecht mat Police a Justiz kéint eppes erreecht ginn. D’Gemeng hätt e puer sozial Projete gestart an d’Situatioun hätt sech verbessert. D’Majoritéitsparteien haten d’lescht Woch an der Chamber jo decidéiert fir d’Instrument vum 'Platzverweis' net anzeféieren.