Europa LeagueSchalke, ManU an Anderlecht wannen

An der Ronn vun de leschten 32 gouf et an den Allermatcher Victoiren fir Schalke oder ManU, eng Néierlag awer fir Gladbach...

Leschten Update: 18.02.2017, 07:02:27

© afp

An der Fussball Europa League waren et um Donneschdegowend d'Allermatcher an der Ronn vun de leschten 32.

Dobäi gouf et Victoiren ënnert anerem fir Schalke, Manchester United, La Gantoise, Bilbao oder Roum.
Gladbach verléiert dergéint doheem 0-1 géint Florenz.

D'Retourmatcher si schonn d'nächst Woch.

Resultater am Iwwerbléck :

Krasnodar-Fenerbaçe 1:0 
Mönchengladbach-Florenz  0:1
Olympiakos-Osmanlispor 0:0
AZ-Lyon 1:3
Astra-Genk 2:2
Rostov-Prag 4:0
Ludogorets-Kopenhagen 1:2
Celta Vigo-Chaktar 0:1
La Gantoise-Tottenham 1:0
Villareal-Roum 0:4
PAOK-Schalke 0:3
Anderlecht-Zenit 2:0
Bilbao-APOEL 3:2
Hapoel Beer Sheva-Besiktas 1:2
Manchester United-St-Etienne 3:0