Arees-Verbuet an d'USATrump annoncéiert weider streng Dekreter

Den US-President wëll mat neien Dekreter weiderhin d'Sécherheet vun den USA intern stäerken...

Leschten Update: 18.02.2017, 18:33:32

© afp

D'Arees-Beschränkungen an d'USA dierften an nächster Zäit nach emol verschäerft ginn...

De President Donald Trump huet um Donneschdegowend gesot, dass hien d'nächst Woch weider Dekreter wëll ënnerschreiwen, déi, Zitat : '' De Schutz vum Vollek nach wäerten vergréisseren''.

Nodeems déi éischt Awanderungs-Dekreter, déi et Staatsbierger aus 7 muslimesche Länner jo verbitt an d'USA an ze reesen, duerch zwee Geriichter blockéiert gouf, soll déi zweet Versioun elo net méi un ze fechten sinn, sou den Trump.

Ob weider Länner elo viséiert sinn, oder op d'Arees-Bedingungen an d'USA generell méi streng wäerte ginn, ass nach onkloer.