Nom Ausschloss vum Joe TheinPlangt de Politiker eng nei Partei?

Relativ séier no der Decisioun vum Ausschloss aus der ADR, huet de Joe Thein uginn, iwwert eng Formatioun vun enger neier Partei nozedenken.

Leschten Update: 10.03.2017, 08:46:25

© chd.lu

De Joe Thein gesäit sech, no der Decisioun vun der ADR fir hien aus der Partei auszeschléissen, als Affer vum parteiinterne Muecht- a Richtungskampf. Et wier hei net ëm e "Like" gaangen, esou de Joe Thein weider, mee dorëms seng Persoun geziilt auszeschalten.

Politesch wëll hien awer weiderhin an enger anerer Form weiderfueren, e schléisst e politesche Comeback net aus. Weider denkt de jonke Politiker doriwwer no, eng "echt konservativ Partei" zu Lëtzebuerg ze grënnen.

Dass hien d'Partei-Prinzipie blesséiert soll hunn, gesäit hie weiderhin net an. E Geriicht hat jo confirméiert, dass et keng juristesch Poursuite géint de Joe Thein ginn.

Lauschtert hei d'Reaktioun vum Joe Thein no der Sëtzung