Verstäerkte VerkéierskontrollenRout Luucht, Stoppschëlder + Winker

Vum 13. bis den 19. Mäerz nach mat, wäerten verstäerkten Kontrollen an Aktiounen op eisen Stroossen duerchgefouert ginn.

Leschten Update: 14.03.2017, 21:12:25

© Police

Op eise Stroossen ginn et nach ëmmer vill ze vill Accidenter. Accidenter déi ee vermeide kéint wann een sech ënnert anerem mol un de Code de la Route géing halen.

All Weekend steet jo am Police Bulletin dat nees Leit de Permis ofgeholl krute well se net nëmme vill ze séier mam Auto ënnerwee waren, mä och nach komplett alkoholiséiert gefuer sinn.

Alleng an der Fueszäit huet d’Police 60 Führerschäiner agezunn. An de meeschte Fäll waren d’Chaufferen ze séier ënnerwee oder et war Alkohol am Spill.

Vum 13. Mäerz bis den 19. Mäerz mécht d’Police nees verstäerkte Kontrollen op eise Stroossen. Dës Kéier läit de Fokus an der Haaptsaach op d’Behuelen am Stroosseverkéier. Dobäi geet et dës Kéier ënnert anerem ëm d’Respektéiere vu Virfahrten, vu Stoppschëlter oder rout Luucht. Mä och ob een de Winker asetzt wann ee lénks oder riets ofbéit.

Et ass nämlech sou dat vill Leit dat alles ignoréieren, a sou kënnt et dann och zu Accidenter, deelweis och zu ganz schwéieren Accidenter. U sech ass et jo eppes wat ee geléiert huet, wat och am code de la route steet, mä eben nach ëmmer vill Leit ignoréieren.

Deemno u wat een sech net hält, kann een hei bis zu 145 Euro Strof bezuelen an zwee Punkten um Permis verléieren.

Mä d’Police kuckt natierlech net nëmmen ob déi grad genannte Beispiller mä och op aner Saachen.

Sief hei nach eemol drun erënnert dass alleng an den éischten dräi Méint vun dësem Joer 6 Persounen hiert d’Liewe bei Verkéiersaccidenter verluer hunn.