Waldhaff-DummeldengAutomobilist stierft no Kollisioun mat Bam

D'N11 tëscht dem Waldhaff an Dummeldeng gouf gespaart, de Miess- an Erkennungsdéngscht ware sur Place.

Leschten Update: 14.03.2017, 18:45:50

© Police

En déidlecht Accident op eise Stroossen gouf et en Méindeg géint kuerz no hallwer 4, dat op der N11 tëscht dem Waldhaff an Dummeldeng. Direkt e puer Zeien hat en accidentéierten Auto gemellt, dee Feier gefaangen huet.

© Police

De Won gouf vun de Rettungsequippe geläscht allerdéngs koum fir de Chauffeur all Hëllef ze spéit an ass nach op der Plaz u senge Blessurë gestuerwen. Wat bis elo gewosst ass, ass dass den Automobilist d’Kontroll iwwert säi Won verluer huet a frontal an e Bam gerannt ass.
© Police

Eng Obduktioun gouf elo ugefrot, de Miess- an Erkennungsdéngscht gouf op Uerder vum Parquet op d’Plaz vum Accident geruff. Bis op mannst 7 Auer huet d’Streck misste fir den Trafic gespaart ginn.
© Police

© Police