Snoop Dogg riicht Waff op TrumpTrump reagéiert via Twitter

De Snoop Dogg hält net ganz vill vum neien US-President, dat huet hien a sengem neie Video elo nach eemol verdäitlecht. Den Trump reagéiert...op Twitter.

Leschten Update: 16.03.2017, 14:51:04

© Screenshot youtube

De Rapper Snoop Dogg weist a sengem neiste Museksvideo kloer, wat hie vum US-President Donald Trump hält. Nämlech net ganz vill.

Am Video vu sengem neie Song 'Lavender' huet de 45 Järegen eng Waff op ee Clown geriicht, deen als Donald Trump verkleet ass.

Wierklech erschoss huet hien de President am Video net.

Am Moment steet d’Fro am Raum, op dem Rapper seng Aktioun ze hefteg, oder souguer een Opruff zu Gewalt ass.

Den US-President huet elo op de Video reagéiert. An engem Tweet schreift hien dat wann de Rapper eng Waff géint de fréiere President Obama geriicht hätt, da wier hien dofir an de Prisong komm.