ZeienopruffLäich vu Mann (27) ënner Stater Bockfiels fonnt

An der Stad gouf d'Läich vun engem jonke Mann aus der Belsch fonnt. D'Police sicht no eventuellen Zeien.

Leschten Update: 21.03.2017, 09:20:25

© Eldoradio

D'Police mécht een Zeienopruff.

An der Rue Sosthène Weis an der Stad hu Passanten e Samschdeg den Owend géint 20h45 d'Läich vun engem Mann fonnt.

An tëscht konnt d'Persoun identifizéiert ginn. Et handelt sech ëm ee 27 Joer ale Mann aus der Belsch.

Ee Rucksak, deen dem Mann gehéiert huet, gouf op der Aussiichtsplattform um Bockfiels erëmfonnt.

De Parquet huet d'Police judiciaire mat der Spuresécherung beoptragt.

Eventuell Zeie sollen d'Police ënnert der Nummer 4997-4500 kontaktéieren.


© Google Maps