Attack op Paräiser FluchhafenDen Täter war "high"

Den Ugräifer vum Paräiser Fluchhafen Orly hat viru senger Dot Drogen an Alkohol zou sech geholl.

Leschten Update: 21.03.2017, 05:31:18

© AFP/THOMAS SAMSON

Den Ugräifer vum Paräiser Fluchhafen Orly huet viru senger Dot Drogen an Alkohol konsuméiert. Wéi de Parquet matdeelt wieren am Blutt vum Mann Spuere vu Kokain, Cannabis wéi och Alkohol fonnt ginn. De Mann war e Samschdeg vu Sécherheetsleit erschoss ginn. Hien hat versicht enger Zaldotin um Fluchhafen d’Waff ewech ze huelen. Virdrunner hat hir bei enger Persounekontroll an engem Viruert zu Paräis op ee Polizist geschoss an dëse blesséiert.