Neit Buch vun Ex-MataarbechterinOnmënschlech Aarbechtskonditiounen bei Apple

Daniela Kickl huet 3 Joer am Callcenter vun Apple an Irland geschafft. Duerno huet si et net méi ausgehalen a gekënnegt.

Leschten Update: 21.03.2017, 15:41:54

© AFP/Archiv/Don EMMERT

Ass et wierklech esou schlëmm fir Apple ze schaffen?

Eng Éisterräicherin erhieft an hirem Buch „Apple intern“, dat elo publizéiert gouf, schwéier Virwërf géint den Technologie-Ris.

D’Informatikerin huet déi lescht 3 Joer an der Apple-Europazentrale an Irland geschafft.

Den Aarbechtsklima wier deemno därmoossen hefteg, dass vill Mataarbechter an de Burnout a souguer an de Selbstmord gedriwwe ginn. De Betrib wier Familljen-onfrëndlech a Pause géifen sou gutt wéi guer net existéieren. Et hätt een deemno nëmmen 8 Minutte pro Aarbechtsdag Zäit fir op d’Toilette ze goen, esou d’Virwërf.

Lauschter hei de ganzen Audio: