WarnungFalschen Daachdecker am Süde vum Land ënnerwee

D'Police warnt viru falschen Daachdecker déi zanter 3 Wochen am Süde vum Land ënnerwee sinn.

Leschten Update: 21.03.2017, 19:00:34

© Police

D'Police warnt viru falschen Daachdecker, déi am Süde vum Land ënnerwee sinn. An de leschten 3 Woche goufen op d'mannst 20 där Fäll gemellt. Et ass meeschtens e Grupp vun zwou bis dräi Persounen, déi bei de Leit schellen a soen, si hätten e Schued um Daach erkannt. Während de falschen Aarbechte ginn da Sue respektiv Wäertsaache geklaut. Wee vun esou falschen Daachdecker kontaktéiert gëtt, soll sech direkt bei der Police mellen.