Roam Like At HomeAn 3 Méint ass Schluss mat de Roaming-Tariffer

Vum 15. Juni 2017 ginn keng Roaming-Tariffer méi applizéiert. Da gëllen am Ausland déi selwecht Tariffer wéi doheem.

Leschten Update: 21.03.2017, 12:41:14

© afp

Den 15. Juni 2017 ass Schluss mat de Roaming-Tariffer. Dee Moment gëllt de Prinzip „Roam Like at home“ dat heescht Appeller, SMS’en an Internetnotzung am Ausland kaschten genee sou vill wéi doheem. Fir Mëssbrauch ze verhënneren setzt d’EU-Kommissioun trotzdem Limitten an, sougenannt „Fair Use Limits“.

Bis dohin gëllt eng Iwwergangsregel déi seet, dass Appeller aus dem europäeschen Ausland maximum 19 Cent pro Minutt, an SMS’en Maximum 6 Cent pro Noriicht, an Internetnotzung net méi wéi 20 Cent pro Megabyte kaschten dierfen.