GroussbritannienLondon wäert de Brexit den 29. Mäerz ufroen

London wäert de Brexit den 29. Mäerz bei der EU ufroen.

Leschten Update: 21.03.2017, 11:10:59

© afp

Den 29. Mäerz, also d'nächste Mëttwoch, ass elo den Datum, wou Groussbritannien d'Brexit-Prozedure wäert lancéieren.

Deen Dag wäert di britesch Premier Ministesch Theresa May di offiziell Erklärung  fir den Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU ofginn. Dat sot e Regierungsspriecher zu London.

Dono hunn d’EU a Groussbritannien 2 Joer Zäit fir een neie Kontrakt opzestellen. Am Mäerz 2019 verléisst d’Land dann offiziell d’Europäesch Unioun.