Lëtzebuerg/Frankräich5 Punkte fir besser grenziwwerschreidend Mobilitéit

Méi Buslinnen tëscht Lëtzebuerg an eise franséische Noperen an zousätzlech co-finanzéiert P&R'en.

Leschten Update: 21.03.2017, 18:59:34

© Eldoradio

D’Verbesserung vun der Zuchverbindung tëscht Diddenuewen an der Lëtzebuerger Grenz  war ee vun de 5 Punkten, deen um Méindeg de Mëtteg bei der Entrevue tëscht dem Minister fir Nohalteg Entwécklung François Bausch an dem franséische Staatssekretär am Finanzministère, dem Christian Eckert festgehale gouf.

Déi 4 aner Punkte waren nei Buslinnen tëscht Frankräich a Lëtzebuerg souwéi weider P&R’en déi co-finanzéiert ginn, eng Etude vum Contournement Audun-le-Tiche, eng besser Verbindung tëscht Micheville, Belval an der Stad, sou wéi eng Verbindung tëscht dem Belval an der "Ecocité" op franséischer Säit.

© Eldoradio

Am September wëllen sech de Minister Bausch an de franséische Staatssekretär am Finanzministère erëm gesinn, fir deemno wéi verschidde Punkte weider ze konkretiséieren.

Lauschtert hei de komplette Reportage