US-MilliardärDen David Rockefeller ass mat 101 Joer gestuerwen

Een vun de räichsten an och mächteste Männer vun der Welt ass gestuerwen, den Ex-Bankechef David Rockefeller.

Leschten Update: 21.03.2017, 09:36:07

© Paul J. RICHARDS / AFP

Den US-Milliardär an Ex-Bankechef David Rockefeller ass am Alter vun 101 gestuerwen, dat mellt d’Noriichtenagence Reuters.

Hien staamt jo aus enger regelrechter Familjendynastie a war mat ronn 3,1 Milliarden Dollar ënnert den 200 räichste Mënschen op der Welt. 

Hien huet och politesch Gréisste wéi den Ex-Ausseminister Henry Kissinger oder de fréiere President Jimmy Carter beroden.