FBIKeng Oflauschter-Aktioun géint de President Trump

De Chef vum FBI, den James Comey weess näischt vun enger Oflauschteraktioun géint den Donald Trump... Dësen huet dat jo iwwer Twitter behaapt gehat.

Leschten Update: 21.03.2017, 05:31:35

© Nicholas Kamm / AFP

Wéi den FBI-Chef James Comey um Méindeg virum US-Kongress gesot huet, hätten et während dem Wahlkampf 2016 keng Oflauschteraktioune géint den deemolege Kandidat Donald Trump ginn.

Wéi et weider heescht, hätt och de Justizministère näischt vun esou enger Attack gewosst.

De 4. Mäerz hat den Donald Trump jo getweet, dass ënnert anerem d’Regierung Obama Telefonsgespréicher vun him ofgelauschtert hätt an dass dat ganzt Ausmoosse vu Watergate hätt.

Mee och zu dësen Tweets géifen et keng Informatioune ginn déi dëst ënnerstëtze géifen, esou de Comey.